Päischtcroisière 2018 – Review

Meng éischt Kéier op der Päischtcroisière an och iwwerhaapt op enger Croisière.

Déi éischt Kéier am Joer sech esou fille wéi wann et scho Summer wier. Säit 33 Joer gëtt et d’Päischtcroisière schonn esou wéi d’Lëtzebuerger se kennen, an ech hat d’Chance duerch Voyages Flammang an Neptun Cruises dierfe matzegoen . Op dëser Plaz soen ech villmools Merci fir déi nei Erfarung déi ech hunn dierfe maachen.

D’Päischtcroisière kann ee sech wéi ee groussen All-Inklusiv Hotel um Mier virstellen. 4000 Leit ware mat u Bord vun der MSC Fantasia, dovun 1000 Lëtzebuerger. D’Schëff ass esou riseg ass, dass ech mech déi lescht 2 Deeg eréischt richteg auskannt hunn haha.

Et gëtt engem vun allem op dëser Croisière gebueden. Vu Fitness, Wellness, Party, Pool, Entertainment bis hin zu deene ville Stied déi ee besiche kann, sinn ech mir sécher, dass wierklech fir jiddereen eppes dobäi ass! Alles eemol ausprobéieren, ass an enger Woch awer net dran, ech hat mol keng Zäit fonnt eng Kéier an de Pool ze goen, well ech de Fokus méi op d’Stied geluecht hunn.

Wat dat Schéint un enger Croisière ass, ass datt een iwwer d’Nuecht vun enger Stad an déi aner fiert an een dat Ganzt mol net matkritt. Moies erwächt een dann top fit an där nächster Stad. Esou kann ee sech op der Croisière een éischten Androck vun deene verschiddene Stied maachen. Do wou et engem da gefält, do kann een zeréck goe fir d’Géigend besser kennen ze léieren.

All Owend ass ab 17 Auer fir Musek gesuergt, lëtzebuergesch wéi och international Museker trieden op a suerge fir gutt Stëmmung. Hei muss een och kee Fan vun Après-Ski a Schlagermusek sinn, well den DJ Dee fir Ofwiesslung gesuergt huet.

Zu de Leit u Bord an zum Personal kann ee soen, dass ee sech ganz séier kenneléiert an dass jiddereen immens oppen a fein mateneen ëmgeet. Ech hu vill nei Leit kennegeléiert, mat deenen ech anescht wahrscheinlech net an d’Gespréich komm wier, wa mer net zesummen op der Päischtcroisière gewiescht wieren. Och d’Personal ass oppen a sicht d’Gespréich mat engem. Dës Bekanntschafte waren definitiv eng Beräicherung vun dëser Vakanz.

 

 

 

 

 

 

 

Ech hat z.B. meng Kaart vum Zëmmer am Tenderboot verluer a 5 Minutten drop, ass ee mer se brénge komm. Och bei der Urees ass engem Monsieur de Portmonni aus der Täsch gefall, a wéi hien e rëm krut, huet näischt gefeelt.

Mäi Fazit ass, dass d’Päischtcroisière elo net onbedéngt eng Vakanz ass, wou een erholl an ausgerout heemkennt. Et ass ee stänneg ënnerwee an déi ganz Zäit huet een immens vill Leit ronderëm sech. Et ass éischter eng Vakanz vun där een heemkennt an der Famill an de Frënn e puer Storien ze zielen huet.

Menger Meenung no soll jidderee sech säin eegent Bild vun der Päischtcroisière maachen. Wann een et bis eng Kéier matgemaach huet, gesäit een dass vill méi dohannert stécht wéi nëmme Party a Fuesmusek.

Mech géif et op alle Fall freeën nach eng Kéier dobäi kënnen ze sinn an ech soe Merci fir déi super Zesummenaarbecht mat Voyages Flammang an Neptun Cruises.

 xx, Amy Watson

 

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

For security, use of Google's reCAPTCHA service is required which is subject to the Google Privacy Policy and Terms of Use.

If you agree to these terms, please click here.